← Back Published on

E bësse langweilen

Ech si vu Social Media erofgaangen. Ech hunn esouwuel mäi Facebook- wéi och mäin Instagram-Account geläscht. Fir e Journalist, nach dozou en onofhängegen ass dat natierlech e riskante Schrëtt — awer e Schrëtt deen ech goe wollt. Ech hat ni wierklech d'Energie mech mat den techneschen Detailer vu Social Media auserneen ze setzen, gleewen éischter u spontanen Intressi wéi provozéierten, mee ech sinn awer och e Kand vu menger Zäit an hunn et missten ausprobéiere.    
Elo, wou eis d'Zäit awer esou eng oniwwersiichtlech ginn ass an nach dozou d'Ziler vun der amerikanescher Tech net mi esou kloer sinn, zéihen ech léiwer e Stréch ënner dat Ganzt an erfreeë mech enger gesonder Langweil. 

Wie weess? Villäicht kommen ech a sechs Méint och nees op meng Entscheedung zeréck. Fir de Moment jiddwerfalls wëll ech mech nach e bësse langweilen, net alles matkréien, dofir méi a mir selwer rouen, mat mir selwer ze dinn hunn, liesen, schreiwen a weiderhi berichten iwwer dat, wat mir fir ze berichten derwäert schéngt a niewebäi op dëser Plaz och nach e bëssen extra "Contenu" deelen — dee jo hoffentlech méi wéi just dat, an am eigentleche Sënn erfëllend ass. 

 F.B.