Bio
Mäin éischten Artikel hunn ech mat siechzéng verëffentlecht. Haut kucken ech op méi wéi 20 Joer Beruffserfarung zeréck. Ech hu bei Le Quotidien a Woxx geschafft, an als fräie Mataarbechter fir den 100komma7 an d’Lëtzebuerger Land Artikelen verfaasst a Bäiträg opgeholl. Fir meng Sendung Land a Leit (2021) hunn ech wärend der Corona-Pandemie e literaresch-historesche Portrait vun der Groussregioun gemaach. Bis 2024 war ech Chefredakter vum Magazin vun der Stëmm vun der Strooss an hu benodeelegt Leit journalistesch Technike geléiert. Zënter Juni sinn ech als onofhängege Journalist, Moderator, Trainer, Conférencier an Auteur aktiv. Zu mengen Haaptgebidder ziele Politik, Mënschenrechter, ëffentleche Raum a Kultur.
Auszeechnungen Amnesty Mediepräis 2016
Verëffentlechungen Pol Aschman - Un regard sur son oeuvre photographique, Photothèque de la Ville de Luxembourg, 2021